De 16. Mee soll zu Letzebuerg eng Demonstratioun géint d‘Regierung an hier onzoumutbar an absolut antisozial Politik stattfannen. Komescherweis schéngen eis „Spetzepolitiker“ daat net sou ganz begraff ze hun: sou gett gemunkelt, d‘LSAP géif mat hierer korrupten Féirungsschicht op der Demo opdauchen an souguer den Aarbechtsminister Biltgen, d‘Galeounsfigur vum Sozialoofbau, soll sech blécke loossen.
Paradox: d‘Regierung demonstréiert géint hier eegen Politik. Anerersäits awer och verständlech: wann Ministeren an héich Parteikader sech op eemol op enger Demonstratioun blécke loossen, da kennen se sou maache wéi wann d‘Kris net vun hinnen matzeverantworte wier a wéi wann et iergenden onsichtbaren Geescht wor den d‘Moossnahmen vum sozialen Oofbau ageleed huet. De Kontakt zur Basis hun se nemlech scho firu Joerzéngten verluer, waat sech besonnech staark bei der LSAP äussert, déi mettlerweil vun der angeblechen Aarbechterpartei zur Partei vun de Lobbyisten an de Wirtschaftsvertrieder mutéiert as.
Lo duerfen awer och d‘Gewerkschaftsvertrieder net zevill héichgeluewt gin: soit dat d‘Gewerkschaften d‘Demo organiséiren, sou muss och beduecht gin dat den LCGB komplett CSV- an domat Regierungshöreg as an weiderhin vun der „sozialen Maarktwirtschaft“ Modell Juncker dreemt. Den gewerkschaftlechen Fligel vun der CSV souzesoen. Den OGBL hellt zwar lo méi kämpferesch Formen un, setzt awer och weiderhin op de Modell vun der Sozialpartnerschaft, statt aktiv fir d‘Emanzipatioun vun den Aarbechter vun kapitalisteschen Noutwennegkeeten anzetrieden an as och leider weiderhin zevill LSAP-no, quit dat en sech „onoofhängeg“ nennt.
Fir dat d‘Gewerkschaften awer rem wierklech kämpferesch gin an zu wierklecher Verännerung bäidroe kennen brauch et staarken Drock vun ennen: et mussen notamment rem méi däitlech antikapitalistesch Akzenter gesaat gin, déi dorop erauslaafen dat soueng Kris neméi passéiert, dat d‘Aarbechter neméi oofhängeg sen vum Wellen vu Patron an Besetzer, déi dorop erauslaafen, dat d‘Wirtschaft demokratesch emgestalt gett.
Dofir mussen niewt den traditionellen Gewerkschaften an den etabléierten Regierungsparteien, déi nun eemol (leider!) och opdauche wärten, och méi radikal, méi konsequent Kräfte mobiliséiert gin. Dofir mäin Opruff:
Fir en antikapitalisteschen Block!
Antikapitalistesch Kräft, ob aus lénken Parteien, ONGen, Studentenorganisatiounen, oder Autonomer oder soss Aktiver, sollten sech zesummendoen an engem antikapitalisteschen Block innerhalb vun der Demo, den ganz kloer antikapitalistesch optrett an Alternativen souwuel zur „fräien“, wéi och zur „sozialen“ Maarktwirtschaft opwerfe soll, jensäits vum kapitalisteschen System.
16. Mee, 15:15 Auer, Place de la Gare.
À ceux qui veulent dominer le monde, le monde répond: résistance!

