Wann ee sech dem Aly Jaerling séng op séng Persoun zentréiert Leschten ukuckt, gesäit een e bonte Koup vu Leit. Do fanne sech enttäuschten ADR‘ler, onpolitesch an politesch onerfahren Leit, all méiglech Perséinlechkeeten also. Mee trotzdem stecht eppes herfir. Wann een genee kuckt as ennert den Europakandidaten en ehemolegen KPL-Member ze fannen: de Jean-Marie Jacoby.
Waat as awer sou besonneg um Jacoby? Hien as aus der KPL ausgetrueden, oder ausgeschloss gin, keen weess et sou genee, wouropshin en d‘Roud Fiissercher gegrennt huet, eng minuscule Splittergrupp déi deemols ca. 3 Memberen haat. A wann een sech déi sou ranzitt, gett een ganz intressant Saache gewuer séng politesch Positioune betreffend.
Déi selbsternannten Rout Fiissercher hun enner anerem e Link op eng Säit „Free Slobo“, sprech wou den Slobodan Milosevic verherrlecht an séng begaangen Verbriechen geleugnet gin; se schreiwen sech och ganz kloer de Kampf géint daat waat sie den „Revisionismus“ nennen op de Fändel. De Begreff vum „Revisionismus“ as een den vun Stalinisten säit dem 20. Parteikongress vun der KPdSU benotzt gett fir d‘Opaarbechtung vun den stalinisteschen Verbriechen ze diffaméiren. Sou schreiwen sie och: „Eine der Kernfragen in dieser Zeit war der 20. Parteitag der KPdSU und die Folgen für die kommunistische Weltbewegung. Dessen Einschätzung erlaubte es in der Tat der KPL, alle Genossinnen und Genossen von der Partei fernzuhalten, die den Revisionismus [sprech: d‘Kritik un de stalinisteschen Verbriechen, déi Millioune Menschen d‘Liewe kascht hun]kritisierten und hätten innerhalb der Partei kritisieren können.“ (hei nozeliesen)
Eis Hären vum Roude Fiisschen schéngen also duerchaus grousse Wärt op de Persounekult ze leen – an do huet eise Jean-Marie Jacoby wuel séng Persoun fonnt: den Aly Jaerling. Och wann den Jaerling éischter populistesch ugehaucht as, sou stiliséiren eis Stalinisten en zum „Lénken“ an kritiséiren gläichzäiteg Déi Lénk an d‘KPL well se „sozialdemokratesch Parteien“ wieren.
Sou Saache passéiren nun eemol wann een op e Programm verzicht. Da kann wierklech all Sektierer op d‘Lescht, a sen séng Positiounen nach sou menscheveruechtend an märderesch.


Ier een iwer een aneren hierfällt, wier et net schlecht, sech ze informéieren: iwert den Ausschloss aus der KPL get et Originaltexter ze liesen op der Adress http://www.roudefiisschen.net/index-vorgeschichte.html, an op www.biergerlescht.eu ass ze fannen, waat déi Lescht vertrett. Dat ass guer net esou wait ewech vun dem, wat hei esou geduecht get!