Kommunismus, schalalalala!

An der zweeten Halschent vum 19. Joerhonnert huet sech eng Bewegung rauskristalliséiert, déi fir d‘Emanzipatioun vun der Aarbechterklass agetrueden: de Kommunismus. Waat awer as Kommunismus? Wéieng Messverständnisser leien fir? Wéi kann ee sech fir de Kommunismus asetzen, eng kommunistesch Bewegung zu Letzebuerg starten – a waat fir praktesch politesch a sozial Mesuren kennen dohin féiren?

Waat as Kommunismus?

Fir des Fro ze klären, muss fir d‘Éischt emol geklärt gin, waat de Kommunismus net as. De Kommunismus as keng stalinistesch Diktatur an en as och keen organiséierten Massenmord un der Oppositioun. Wéisou daat kee Kommunismus as, dorop kommen ech ze spriechen wann ech d‘Wuert positiv définéiren:
Kommunismus heescht Emanzipatioun, heescht Demokratie am eigentlechen Senn. Kommunismus heescht konkret: d‘Aarbechterklass (sprech d‘Aarbechtnehmer, egal ob am Déngschtleeschtungs- oder am industriellen Secteur) iwwerhellt rem d‘Muecht, net nemmen politesch, mee och ökonomesch a kulturell. D‘Privateegentum un de Produktiounsmettel gett oofgeschaaft, sou dat d‘Aarbechterschaft selwer iwwert hier Aarbecht bestemme kann an neméi hierarchesch Patron‘en an Besetzer ennerstallt as. Och d‘Kultur gett allgemeng zougänglech an déi politesch Muecht gett den (inhärent kapitalisteschen) Lobbyen entzunn an basisdemokratesch reorganiséiert (konkret Realiséirungsfirschléi ernimmen ech spéider). Sou gett also d‘Klassengesellschaft an sech oofgeschaafft zugonschten vun enger klassenlosen Gesellschaft vun der Gläichheet, der Fräiheet, der Solidaritéit.
Domat net vereenbar sin natierlech Regimer wéi China oder Nordkorea, déi am Endeffekt nei Klassegesellschaften kreéiert hun a wou d‘Situatioun vun den Aarbechter méi miserabel as ewéi an sou munchem offen kapitalisteschen Land: erkennbar zB. un der Situatioun vun den Wanderaarbechter an China. Dofir sen solch politesch Systemer éischter bürokratesch oder staatskapitalistesch geprägt, net awer kommunistesch. Eben wéint desen Messverständnisser well ech och mol op dräi verbreeten Firurteeler d‘kommunistesch Theorie betreffend agoen:

Dräi grouss Firurteeler vis à vis vun der kommunisteschen Theorie

1. Firurteel: „Kommunisten wellen der Bomi hiert Haus ewechhuelen!“
Falsch!
Et geht just dorems, Produktiounsmettel ze vergesellschaften, awer op kee Fall dorems, de Leit hieren Auto, hiert Haus, hier Telé, etc. wegzehuelen. Den den d‘Produktiounsmettel kontrolléiert huet nemlech och politesch de facto d‘Muecht – an fir wierklech Demokratie muss dofir och d‘Aarbecht demokratiséiert gin.

2. Firurteel: „Kommunistesch Bewegungen féiren automatesch zur Diktatur!“
Falsch!
Et existéiert emmer rem d‘Gefohr, dat eng sozialistesch Revolutioun dégeneréiert, mee dann firun allem aus dem Grond well bürokratesch Strukturen sech innerhalb vun der Bewegung festsetzen an dofir den Opbau vum Sozialismus an d‘Entwécklung zum Kommunismus verhennert gin. Dowéint as et néideg, dat Kommunisten nei demokratesch Organisatiounsstrukturen fir hier Bewegung(en) opbauen.

3. Firurteel: „Kommunismus as just als Idee gutt, mee as net vereenbar mat der menschlechen Natur!“
Falsch!
Kommunismus as och nie „perfekt“, all Mensch mecht nemlech emol Fehler. Mee et as umoossend, ze behaapten, d‘Theorie wier an der Praxis net mat der „menschlechen Natur“ vereenbar: heifir misst een des nemlech fir d‘Éischt emol real erfaasse kennen – bis elo hu mer just eng Unheefung vun kontradiktoreschen Thesen déi „menschlech Natur“ betreffend, mee keng Evidenz déi beleet dat mer net „fäheg“ wieren an Gläichheet an Fräiheet ze liewen an déi beleet dat de Kapitalismus eis an de Genen leie géif.

Kommunismus als politesch an sozial Bewegung – wéi kann ee sech asetzen?

Et as elo awer evident no den Erfahrungen déi an der Geschicht gemaach goufen dat sech Kommunisten net nach eng Kéier „demokratesch-zentralistesch“ organiséire sollten, eben fir eng Degeneratioun vun der Bewegung duerch bürokratesch Strukturen ze verhenneren. Stattdessen sollten se sech vill méi basisdemokratesch organiséiren, an zwar esou dat verschidden Stréimungen sech vereene kennen ouni awer dofir op demokrateschen Pluralismus ze verzichten.
A grad well aal Parteistrukturen am traditionelle Senn iwwerholl sen, musse Kommunisten sech künfteg anescht organiséiren, Basisbewegungen opbauen, d‘(Basis-)Demokratie déi se opbaue wellen, firliewen.
Déi politesch Partei déi dorun am Nosten rukennt, sen wuel déi Lénk, déi zugläich och en antikapitalistescht an basisdemokratescht Grondverständnis hun. Natierlech existéiren innerhalb vun de Lénken Tendenzen, déi éischter a Richtung vun der Sozialdemokratie gin – mee majoritärement gett d‘Iwwerwannung vum Kapitalismus gefuerdert, natierlech och gepaart mat konkreten kuerzfristegen Fuerderungen, déi d‘Gesellschaft an déi Richtung leede sollen.
Eben grad fir den Antikapitalismus an de Lénken nach weider ze stärken an fir och e revolutionärt Selbstverständnis an déi Lénk eranzebréngen, sollten och souvill Kommunisten wéi méiglech , déi an Oppositioun stin zum traditionellen Parteiverständnis, sech net nemmen an der Lénken engagéiren, mee och vläit consideréiren, sech ennerteneen z‘organiséiren fir doduerch och d‘Aflossnahm op d‘Politik vun de Lénken ze verstärken an sou och eng Sozialdemokratiséirung, (also eng Ugläichung un d‘LSAP) ewéi mer se an Däitschland bei der Partei „Die Linke“ firfannen, ze verhenneren an sou och déi eegen Zieler op enger pluralisteschen Plattform ze verbreeden.

Konkret politesch Moossnahmen fir de Wee hin zum Kommunismus

Waat ka konkret gemaacht gin? Ech well hei einfa mol puer Moossnahmen opzielen, déi ménger Meenung no den Zieler vun der kommunistescher Beweegung dénglech kenne sen:

1. D‘Enteegnung an d‘Vergesellschaftung vun Groussbetrieber an Banken fir se der Kontroll vun den Aktieninhaber an de Besetzer z‘entzéien an en éischte Schrett an d‘Richtung vun der Oofschaaffung vum Privateegentum un Produktiounsmettel ze maachen.

2. D‘Aféirung vun Aarbechterdemokratie: d‘Aarbechter sollen selwer iwwer d‘Produktioun bestemmen. Heifir sollen basisdemokratesch Delegéierteversammlungen innerhalb vun den Betrieber ageriicht gin déi de Wellen vun de Schaffenden ausféiren an kennen oofgewielt gin soufern se hier Funktioun neméi erfellen.

3. D‘Dezentraliséirung vun der politeschen Muecht: méi Kompetenzen fir de Gemengerot an méi direkt Entscheedungsméiglechkeeten fir d‘Bevölkerung. Grad esou soll de Gemengerot, grad ewéi d‘Parlament jederzäit oofwielbar sen soubaal d‘Bevölkerung sech net repräsentéiert spiert – doduerch sollen Muechtabus‘en verhennert gin, awer grad esou den Zoustand vun der Daueroofstemmung, den an enger rengen direkten Demokratie opzekommen droht. Dobäi soll dann och d‘Politik méi transparent gemaacht gin, fir d‘Méiglechkeet fir jidfereen ze schaaffen, fir matzemaachen.

4. D‘Kultur méi zougänglech maachen an de käschtefräien Austosch vun Kopien vun kulturelle Gidder, sprech Filmer, Musék, legaliséiren – woubäi gläichzäiteg lokalen Kenschtler eng Liewensgrondlaag muss garantéiert gin.

5. Den Oofbau vun all Barrièren déi auslänneschstämmeg Matbierger vun der Participatioun ausschléissen, sprech: Aféirung vum bedingungslosen Auslännerwahlrecht.

6. Demokratiséirung vun der Éducatioun, sprech: Matbestemmung vun de Studenten op der Uni, Auswäitung vun de Funktiounen vun Schülerdelegatiounen an e Stop vun all reliéiser an philosophescher Indoktrinatioun.

7. D‘Oofschaaffung vun der Monarchie an d‘Grennung vun der (basisdemokrateschen) Republik Letzebuerg: e Monarch kann net de Vollékswellen repräsentéiren.

Natierlech wier d‘Erfellung vun desen 7 Fuerderungen nach laang net genuch fir d‘Zieler vun kommunisteschen Bewegungen ze realiséiren; mee et wier e Schrett an déi richteg Richtung den eng Entwécklung aleede kéint hin zu enger fräien, sozialisteschen Gesellschaft.


6 Antworten auf “Kommunismus, schalalalala!”


  1. 1 denjclaude 31. März 2009 um 18:55 Uhr

    Ech gesinn do direkt en puer Problemer.

    Firurteeler:

    2. Hei wier en reellt Beispill hellefreich

    3. Ech mengen dat do en Problem entsteet. Den Mensch muss en Virdeel hun wann en eppes gudd mecht. Beispill, Bäcker A a Bäcker B. Den A backt gudd Brout den B schlecht. Den Bäcker A muss fun senger besserer Arbescht en Vierdeel hun, soss hält en iergendwann ob sech Meih ze ginn an backt genau esou schlecht Brout ewei den aneren.

    Mossnahmen:

    1. Den Staat huet bewissen dat en besser huet d‘Fanger fun Betrieber ewech ze lossen. Beispiller gett et mei ewei genuch, dei deitsch Landesbanken. Eisen brengt et net färdeg den Schoulsystem ze organiseieren, wei soll dat dann bei der ganzer Wirtschaft goen?

    2. An wann keen dat wellt wat den Arbeschter produzeiert? Produzeiert muss dat gin wat gebraucht gett. An dat bestemmt net deen deen et hierstellt mee deen deen et keeft. An et ass och net um Arbeschter mier ze soen Du keefs elo en Trabi wann ech gären en Golf hätt.

    4. Och hei mussen dei besser Kënschtler en Vierdeel firun deenen Schlechteren hun. An et kann een dach net jiderengem „lokalen“ Kënschtler eng Liewensgrondlag garanteieren. Iergendeen muss um Feld stoen a schaffen.

    6. Wann d‘Uni/Schoul nemmen geif Suen kreien wann se och Schüler hätt an d‘Schüler sech frei kennten d‘Schoul eraus wielen, geif deen Problem sech och leisen.

    All Mensch ass d’selwecht. Egal ob Fra oder Mann, egal wat fier eng Hautfarw an egal wou et ob d‘Welt komm ass. Dann gett et Menschen dei mei schwach sinn, well se zum Beispill krank sinn oder en eng Behënnerung hun. Dei mussen fun deene aneren Menschen gedroen gin, do besteht keen Zweifel drun. An genau aus deem Grond mussen ennert deenen „aneren“ Menschen sinn dei fier mei ewei een kenne a welle schaffen. Soss geet et net ob! A wellen machen se secher nemmen wann se och en Fierdeel derfun hun.

    D‘Basis fun der Gesellschaft wei mir se kenne leit an der Landwirtschaft. Doduerch dat een eenzelne Bauer X Menschen mat iessen versuergt kennen dei X Menschen eppes anescht machen ewei um Feld ze stoen. Haut setzen se an den Banken, sinn Schoulmeeschter oder bauen Autoen. Hätt nie een sech d‘Meih gemach en bessen mei ze leeschten ewei dei rondrëm hien, wieren mier haut net do wou mer sinn.

  2. 2 Sveinn Rauði 31. März 2009 um 23:20 Uhr

    Puer kleng Entwerten:

    2. Leider sen déi meescht gewaltsam zerschloe gin. Ech erenneren nemmen un d‘Novemberrevolutioun 1918/19, déi komplett demokratesch (allerdéngs antiparlamentaresch) oofgelaaf as, bis se eben vun den Sozialdemokraten, zesummen mat den Reaktionären (Grouss Koalitioun souzesoen) se niddergeschoss hun.

    3. Wann de Bäcker A an de Bäcker B sech zesummendin an den A dem B bäibréngt wéi een gutt Brout baackt as de Problem geléist. Sou Piti-Beispiller bréngen een net weider …

    Entwerten zu „Moossnahmen“:

    1. Ech schwätzen net vu Verstaatlechung – daat féiert just zur Bürokratiséirung well et vun enger klengen Unzuel vu Staatsbeamten schlussendlech dirigéiert gett (siehe och Staatskapitalismus). Ech schwätze vu Vergesellschaftung: daat schléisst Aarbechterselbstverwaltung mat an.

    2. Wéisou sollten d‘Aarbechter manner wéi iergenden x-beliebegen Aktionär wessen, waat d‘Leit wellen? Den VW-Manager kann o net an däi Kapp kucken an, huch, wessen datste gär e Golf häss an net en Trabbi.

    4. Jo kloer, net jidfereen ka Kenschtler sen – leider gett et och aner Aarbecht déi muss erleedegt gin. Do hueste Recht. Mee zu Letzebuerg as et och fir déi Kenschtler schwiereg, iwwer d‘Ronnen ze kommen, déi et duerchaus haaptberufflech maachen.

    6. Suen léisen keng demokratesch Defiziter.

    Kooperatioun statt Konkurrenz.

  3. 3 Claude 01. April 2009 um 8:08 Uhr

    den jclaude huet geschriwwen:
    „Ech mengen dat do en Problem entsteet. Den Mensch muss en Virdeel hun wann en eppes gudd mecht. Beispill, Bäcker A a Bäcker B. Den A backt gudd Brout den B schlecht. Den Bäcker A muss fun senger besserer Arbescht en Vierdeel hun, soss hält en iergendwann ob sech Meih ze ginn an backt genau esou schlecht Brout ewei den aneren.“ Ech fannen dat guer keen „Pittisbeispill“ mais een ganz konkret Beispill ob wat een agoen sollt. Aus ménger Siicht misst een héi “ Saachen differenzeieren. Déi eischt Fro déi sech stellt wéi gett d‘Miel produzeiert dat den kléngen Bäcker verschafft. Wat sin d‘Arbechtskondistiounen fum Bauer an fum Meller an wéi een Produkt gett iwwerhat produzeiert. Haut as et jo esou datt Monsanto d‘Geséims kontrolléiert an gerad déi arm Baueren an eng onheemlech Ofhängegkeet brengt. Auserdeem gin déi OGMs Planzen mat Fungiziden an Herbiziden maltraitéiert an den Konsument huet se hanno am Teller. Dowinnst wir héi aus menger Siicht duerchaus eng Vergesellschftlechung fun den Produktiounsdmettelen ubruecht fir ze garantéieren datt 1. all Bauer genuch Suen verdéngt fir dezent ze liewen an 2. fir nemmen nach ökologesch an nohalteg ze produzeieren. Wat nach dobai kennt – an do weist sech d‘Perversioun fum realexisteierenden Kapitalismus- gett haut ob Liewensmettel ob der Bourse spekuléiert mat der Konsequenz datt Milliounen Armer sech d‘Grondnahrungsmettel net méi leeschten kennen. Och héi gesin ech et als total ligitim un et carrément ze verbiden datt ob Ierssen spekuléiert gett.

    Ob der aanerer Sait hun déi realexistéierend „sozialistesch“ Länner gewissen datt et eben gerad net funktionnéierend alles wellen ze kollektivéieren an zentral ze plangen. Den Produktivismus an den Zwangskollektivismus an der Landwirtschaft hun zum Deel katastrophal wirtschaftlech an ökologesch Folgen gehat.Dowinnst schengt mer d‘Fro fun Dezentraliséierung an individueller Responsabilitéit zentral ze sin. An jo, ech sin och dofir datt all Bauer d‘Recht muss hun een Deel fun der Produktioun eleng nemmen fir séng eegen Versuergung – Selbstversorgung – ze behalen.

    Wat elo d‘wéiderverschaffend Wirtschaft – an eisem Fall den Bäcker – betrefft.Do wär et och erem een Fehler alleguer des Handwiirker an een eenzegen groussen Betriib zesummenzefassen mais et sollt een onbedéngt déi kléng Betriiber wéider funktionnéieren lossen. An och ob desem Niveau d‘Kreativitéit fum eenzelen sollen wiirken kennen fir ze garantéieren datt et Diversitéit fun den Produkter an Innovatioun gett.

    Ech sin also fir eng „sozialistesch Marktwirtschaft“, enger Fusioun fun den beschten Elementer aus Plan-an Marktwirtschaft.

  4. 4 denjclaude 01. April 2009 um 8:16 Uhr

    3. Eben esou Pittis Beispiller…

    Wat huet den Bäcker A dann do derfun? En verleiert just seng (selwer erschafften) Vierdeeler (Ruff den beschte Bäcker ze sinn, Wessen eppes eegenes gepackt ze hun, finanziell Vierdeeler). Ech fannen net dat do iergendeen d‘Recht huet dem Bäcker A Konkurrenz ze machen. Jidereen soll et därfen probeieren, mee d‘Spillregelen mussen fier jidereen dei selwecht sinn. Dat ass Gleicheet an Fräiheet.
    Soss ensteet genau dat weisou et net kann funktioneieren, den Bäcker B kritt Vierdeeler firum Bäcker A. Dat empfënd den Bäcker A als ongerecht, gett onzefridden an backt manner gudd Brout. Doduerch ass natirlech deene zwee Bäckeren hiert Brout iergendwann gleich schlecht.

    Genau bei esou konkreten Beispill leit mein Problem, ech gesinn einfach net wei et kann funktioneieren.

  5. 5 denjclaude 01. April 2009 um 8:48 Uhr

    Zum Claude senger Äntwert

    Do kennt ech bal averstane sinn. Sachen dat d‘Mexikaner keen Mais mei kreien well d‘Amerikaner elo Bioethanol draus machen därft et einfach net gin. Och net wann d‘Amerikaner sech dat kenne leeschten well se mei reich sinn. Do misst den Staat hin goen an et stoppen. Mee et war genau deen Staat deen dei gesetzlech Fierdeeler geschaft huet dat et passeiere konnt. Dat ass just een Beispill, europäesch Bannen wier en anert.

    Aus deem Grond huet och eng Liewensmettelbourse keen Afloss, sie ass jo just eppes ewei en Mart. Wann mei geif produzeiert gin, wieren d‘Preisser och mei nidderech. D‘Liewensmettelproduktioun ass eng fun dene meescht subventioneierten Bereicher fun der Wirtschaft. Menges Wessens geet nach emmer den greissten Deel fun den EU-Suen fier Subventiounen an deem Bereich drop. Dat feiert dann derzou dat an Norwegen Tomaten geplanzt gin obwuel dat eigenltech totalen Blödsinn ass. Och hei alt erem neischt mat freiem Mart mee total Verwerfung duerch Amescheung fum Staat.

    Wat Monsanto mecht ass eng eenzeg Katastroph, mee och hei gesinn ech eng grouss Schold beim Staat. Iwerall wou een d‘Leit freet ob se OGMen wellen ass d‘Äntwert neen. Wann elo OGMen missten eendeiteg gekennzechent sinn (och den Schnitezl, deen fum mat OGMen gefidderten Beischten kennt), geifen d‘Leit et net mei kafen an den Problem geif sech fum selwen leisen. Mee nee hei huet den Staat decideiert dat daat net dem Verbraucher sein Recht ass.

  1. 1 Fireball’s Weblog - (enjoying the postapocalypse) » Blog Archive » Watchtower Pingback am 03. April 2009 um 17:02 Uhr
Die Kommentarfunktion wurde für diesen Beitrag deaktiviert.



Stoppt die Vorratsdatenspeicherung! Jetzt klicken & handeln!Willst du auch bei der Aktion teilnehmen? Hier findest du alle relevanten Infos und Materialien: