An enger Pressematdeelung, déi enger lénken Bewegung net wierdeg as, luewt déi „lénk“ Fraktioun vum EU-Parlament den Här Juncker dofir dat en sech fir eng méi staark Reguléirung vun der Wirtschaft ausschwätze géif. Do stellt sech natierlech fir d‘éischt d‘Fro: wéi „lénk“ as soueng Fraktioun nach?
Et gett dervun geschwaat, wéivill een dach d‘“Ängscht“ vum Här Juncker deele géif an wéi „gutt“ et dach wier dat den Här Juncker, den sech selwer jo onverschämterweis „de leschte Kommunist“ genannt huet, méi „Reguléirung“ vum Maart fuerdert etc.
Net beduecht gin awer d‘Realitéiten:
1) Den Här Juncker huet während den leschten Joeren näischt anescht gemaach ewéi d‘Wirtschaft ze dereguléiren. Et koum zu Privatiséirungen, de Spetzesaatz vun der Akommessteier gouf méi niddreg gemaacht, etc. Natierlech wor et net alleng op séngem Mescht gewuess – mee hien dréit elo dofir d‘Verantwortung well hien déi Politik matgedroen huet! Do kann e sech sou oft mam Här Gysi vun der däitschen „Lénks“partei treffen wéi e well – daat mecht séng Politik net méi sozial.
2) Wéisou mengt déi Europäesch Lénk elo, alleng d‘“Reguléirung“ vun der Wirtschaft géif d‘Kris iwwerwannen? Daat as jo well en Allheelmettel, daat (baal) jidfereen mettlerweil fir „gutt“ heescht. Net beduecht gett awer trauregerweis och vun der Europäeschen Lénken, dat d‘Kris net méi as wéi en Symptom an eng logesch Konsequenz vun kapitalistescher Economie, déi emmer derzou féiert, dat solch Krisen opdauchen. Reguléiren alleng bréngt näischt – do muss een d‘Saach schon un der Wuerzel paacken; radikal Léisungen sin erfuerderlech. D‘Iwwerwannung vum Kapitalismus. Net méi, net manner.
Dofir mäin Appell un déi Letzebuergesch Lénk:
Weg. bekennt iech derzou, dat déi Lénk zu Letzebuerg d‘Oppositioun stellt an net mam Här Juncker sénger Positioun averstaanen as. Et geht dach net un, dat en duerch an duerch neoliberalen an populisteschen Politiker vun der Europäeschen Lénken hei nach applaudéiert krit?!
Eng Distanzéirung vun deser oniwwerluechten Äusserung vun den Europäeschen Lénken as noutwendeg an ubruet, grad ewéi déi domat anhiergoend Kritik un der GUE/NGL, déi mat solchen Matdeelungen nemme weist, dass och sie an net allze ferner Zukunft droht ze gin ewéi d‘Sozialdemokratie: zu enger Marionett vum Kapitalismus. Net méi, net manner.






